Copy
View this email in your browser
Invitatioun

EBL Chrëschtiessen
E flotte Grond zesummen ze kommen an d'Joer ofzeschléissen

Chrëschtiessen den 8/12/2015 um 20h00

Restaurant „La Charrue d’Or“  •  1 r. de la Montagne, L-3391 Peppange

Léif Memberen, 
och dëst Joer wëlle mir Iech fir Ären Interessi an Är Ënnerstëtzung bei den EBL-Aktivitéiten am Joer 2015 Merci soen an zesumme mat Iech dëst Joer ofschléissen a gläichzäiteg den Ufank vun engem neie Joer feieren. Mir lueden Iech zu dësem Zweck häerzlech an un eisem Jores-Ofschlossiessen deel ze huelen. 

Als Member vun der ASBL kënnt Dir sécher verstoen, dass d'Käschte vun dëser klenger Feier net integral vun der EBL gedroe kenne ginn. Mir bieden Iech deemno eng Onkäschtebedeelegung vun 30 Euro pro Persoun (Gedrénks inkl.) virzegesinn déi Dir um Owend sëlwer bezuelt. 

Mir hoffen op Ärt Versteesdemech a géifen eis freeën Iech op eisem Iesse begréissen ze dierfen. Mëllt Iech w.e.g. bis spéitstens de 4. Dezember um 12h00 bei eis un. 

Mat beschte Gréiss a schéi Feierdeeg gewënscht. 

Ärt EBL-Team

Umellen

Buedemschutz kommunal

SEMINAR den 01/12/2015 vun 08:30 bis 12:00
Wou : Héichhaus ¦ 4, Place de l'Europe ¦ L-1499 Luxembourg
Méi 
Informatioune fannt Dir hei...

Gemengenpinnwand

Wat leeft an de Gemengen?
Deelt eis Är Evenementer mat oder kuckt Iech un wat an anere Gemengen a punkto Ëmwelt- a Klimaschutz organisiséiert gëtt! 
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email