View this email in your browser



Dokumentatioun
Villerchersfal Glasfläch
Maacht eng villerchersfrëndlech Ëmgestaltung!
 
Schätzunge no stierwen all Dag europawäit ronn 240.000 Villercher un de Folge vun enger Collisioun mat enger Glasfläch. Dëse Problem gëtt leider oft ënnerschat, well d'Affer relativ schnell vun Déieren (Kaze, Mardere, Kueben,...) oder Mënsche vun der betraffener Platz ewechgeholl ginn. 
Fir d'Gemengen ob dës Thematik opmierksam ze maachen an déi éischt Schrëtt zu enger villerchersfrëndlecher Raumgestaltung ze vereinfachen, huet d'EBL een Dokument ausgeschafft, dat gratis genotzt ka ginn.

Hei fannt Dir spezifesch Informatiounen a Rekommandatioune, wann et dorëms geet, wéi ee mat problematesche Glasflächen ëmgoe kann. Eng Lëscht mat lëtzebuergeschen Entreprisen, déi Iech bei der Ëmsetzung hëllefen an ee Fallbeispill aus der Gemeng Déifferdeng suerge fir de néidege Praxisbezuch.
 
Dokument
EBL-Generalversammlung - Réckbléck
Donneschten, de 17. Mäerz 2016 hat d’EBL op d’Generalversammlung zum Ofschloss vum Joer 2015 invitéiert.
Den Tätegkeetsbericht 2015 a méi Informatiounen...
Manif fir eng nohalteg Landwirtschaft
Samschden, 23. Abrëll 2016, ab 10:45 - Treffpunkt Glacis
Huelt deel a sëtzt Iech fir eng gesond a solidaresch Landwirtschaft a fir eng besser Zukunft vun de Baueren an der Ëmwelt an.
Méi Informatiounen...
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by MailChimp