View this email in your browser
Energiespueren a Gebaier I an II
Nom groussen Interessi vum leschte Joer, organiséiere mir och dëst Joer erëm zesumme mam Här Grobecker (Expert vum e&u Energiebüro) a mam INAP,
2 Seminairen iwwert d’Thema Energiespueren an ëffentleche Gebaier:

SEMINAR
"Energiespueren a Gebaier I - Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor" 

den 17/02/2015 vun 09h00 bis 16h00

Wou : INAP ¦ 35, rue de Bonnevoie ¦ L-1260 Luxembourg
 
Dëse Cours weist d’Méiglechkeeten op, wéi een an ëffentleche Gebaier Energie spuere kann. Nierwt e puer Grondlagen zum Thema Energie (Verbrauchswäerter, Käschten, Ëmweltimpakt, Monitoring a.s.w.) gi virun allem déi technesch (Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- a Klimaanlagen, Hëtztechnik, a.s.w.) a mënschlech Mesuren (Verhaalensännerung) ënnert d’Lupp geholl. De Seminar viséiert virun allem Conciergen a Leit ouni grouß energietechnesch Virkenntnisser.

SEMINAR
"Energiespueren a Gebaier II -  Opbaucours: Praktesch Uwendungen" 

den 08/03/2015 vun 09h00 bis 16h00

Wou : INAP ¦ 35, rue de Bonnevoie ¦ L-1260 Luxembourg

Beim  dësem Cours steet virun allem d’Kommunikatioun am Mëttelpunkt. Anhand vu verschiddene Filmsequenze vu reale Gespréichssituatioune ginn d’Méiglechkeete vun der Gespréichsféierung behandelt a Verhalensännerungen opgewisen. En technesch orientéierten Deel behandelt d’Themen „Auswäertung vu Verbrauchsdaten“ an „Heizungsregelung“ méi am Détail.
D’Participatioun um Cours „Energiespueren a Gebaier I“ ass vu Viirdeel fir dëse Cours, ass awer keng Mussesaach.

Participatiounskäschten:

Gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten

Umellen

Pestizid-Verbuet op ëffentleche Flächen! 

Säit dem 1. Januar 2016 ass den Asaz vu Planzeschutzmëttel am ëffentleche Raum verbueden. Dëst gouf mam Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert "produits phytopharmaceutiques" festgehalen. 
Méi Informatioune fannt Dir hei...
 

Upassunge bei Ëmweltgesetzer 

Am Mémorial A n°257, deen am Dezember 2015 publizéiert gouf, koum et zu 4 Upassunge vun Ëmweltgesetzer.
Themen: responsabilité environnementale, gestion de l'eau, émissions industrielles an énergies renouvelables.

Méi Informatioune fannt Dir hei...
 
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email