Leif Memberen,

D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg géing iech heimat ganz häerzlechst alueden der EBL hier nei Homepage, erweidert Servicer an hier neit Kommunikatiounskonzept ze entdecken.

Déi lescht Wochen a Méint gouf intensiv un enger Erweiderung a Verbesserung vun eisen Servicer a Kommunikatiounsméiglechkeeten geschafft, sou dass mir iech an Zukunft nach besser bei ärer alldeeglecher Aarbecht ënnerstëtzen an bei konkreten Froen behëlleflech kennen sinn.

Nieft der Homepage gouf och dësen Newsletter ob de Wee bruecht, deen iech ab elo ganz bequem ob déi relevantesten an aktuellsten Neierungen ronderëm den Ëmweltschutz um lokalen Niveau informéieren wärt.

Entdeckt ons Projeten, Servicer an Aktivitéiten an mir freeën ons iwwert all  Ureegungen,  Commentairen a Froen zu eisem Site, onser Aarbecht an wei mir iech weider besser Ënnerstëtzen kënnen.

Mir wënschen iech vill Freed ob onsen neien Site.

Guy Spanier
Präsident vun der EBL

D'EBL gëtt sech een neit Kommunikatiounskonzept

EBL Seminar:
 

Ëmweltrecht – Nohalteg Energien

19 November 2014 09h00

An der Seminarrei “Ëmweltrecht”, déi zesumme matt der ALDE organiséiert gëtt, diskutéiere mer haut iwer juristesch Aspekter zum Thema “Nohalteg Energien”. Zur Umeldung

Ausstellung “ouni Pesticiden”

Am Kader vun der Kampagne “sans pesticides” gouf vun der EBl an Zesummenaarbecht matt deenen anere Partner eng grouß Ausstellung zum Thema Pesticiden ausgeschafft.


D’Ausstellung riicht sech an der Haaptsaach un de grand public, soll awer och Gemengenugestallten oder di politesch Responsabel sensibiliséieren, op d’Gefore vu Pesticiden an Alternativen dozou hiweisen.Zur Ausstellung

Gesetzesännerung

Delais vir nach net agetraffen
Emweltschied ze verhenneren
ass adaptéiert gin. Zum Detail

Campagne "sans pesticides"

Pressecommuniqué zum
Pestizidenaccident am Stausee.
Zum Communiqué

Ecoquartier Forum gouf gestart

Den Ecoquartier-Forum ass online.
Ab elo kennt Dir  Äer Froë a
Remarquen  posten. Zum Detail

Material vir ze lounen

Mat dësem Gerät kann ee ganz einfach erausfanne, wou ee nach Stroum spuere kann a wou net! Andeems een d’Gerät einfach tëscht de Stecker an d’Steckdous plazéiert, gesäit ee wou wéivill Stroum fléißt.

Sou fënnt een zum Beispill Stereoanlagen am Standby, Handyopladegeräter oder en ale Frigo, dee nach ganz vill Stroum brauch.


Dësen Apparat kann bei der EBL ausgeléint ginn. Zur Ufro