View this email in your browser



Reminder
DEMO-DAY
Virféierung vu Maschinnen

24. Mee 2016 - Miersch
Mellt Iech bis den 18. Mee un!
Dëse Seminaire gëtt vum INAP unerkannt! 
Emweltberodung Lëtzebuerg
Demo-Day „Ouni Pestiziden“ - 
Alternativ Methoden zum Pestizidasaz
Wéini: Dënschdes, 24.05.2016 vun 08h30 bis 12h30 
Wou: Centre Culturel „Hall Irbicht“¦
         Rue Irbicht ¦ L-7590 Beringen ¦ Luxemburg
Elo umellen!
Nom groussen Erfolleg vum Demo-Day 2014, organiséiert d'EBL zesumme mat de Partner vun der Kampagne "Ouni Pestiziden" och dëst Joer erëm een Dag, deen am Zeeche vum Austausch an der praxisnoer Informatioun steet. 
 
Während dësem Moie läit den haapt Fokus ob Demonstratioune vu verschiddene Maschinnen a Geräter, déi ee pestizidfräien Ënnerhalt vu Flächen erméiglechen. Verschidde national an international Entreprisë kommen hier Geräter virstellen. Awer och puer interessant Fakten a Beispiller aus Gemenge wäerte net feelen. Genau Informatiounen zum Programm fannt Dir ob onsem Internetsite.

Dës Veranstaltung ass virun allem fir Gemengenaarbechter interessant, déi säit dem 1. Januar 2016 net méi op Planzeschutzmëttel zeréckgräifen däerfe wann et ëm den Ënnerhalt vun ëffentleche Fläche geet. (Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert “produits phytopharmaceutiques”)
Campagne "Ouni Pestiziden"
Merkblatt: Befestigte Straßen, Wege und Plätze 
Am Kader vun dësem Seminaire presentéiert d'Campagne "Ouni Pestiziden" dat éischt Merkblatt aus enger ganzer Rei prakteschen Dokumenter, déi d'Gemenge beim pestizidfräie Flächenenerhalt ënnerstëtze sollen. 
Dëst Dokument gouf fir "semaine sans pesticides 2016" eng éischte kéier presentéiert an ass gratis an digitaler Form zougänglech. 
Méi Informatiounen...
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by MailChimp