View this email in your browser


Rappel
Et ass nach net ze spéit sech unzemellen!
Rappel Konferenz
Urban Gardening fir Gemengen -
Nei Perspektive vum lokale Gäertneren

Donneschdeg, 20. Oktober 2016 / 13:30 - 18:30
ARTIKUSS (Rue Jean Anen ¦ L-4413 Soleuvre)

vum INAP unerkannt! 
Ech melle mech nach un!
Am Kader vun hieren Ëmweltwochen organiséiert d'Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat der EBL an CTF eng Konferenz zum Thema "Urban Gardening". D’Produktioun vu Liewensmëttel ass op ville Plazen aus den Uertschafte verschwonnen. Dës Entwécklung huet dozou gefouert, dass vill Leit de Lien zu der Liewensmëttelproduktioun verluer hunn. Fir dësem Trend entgéintzewierken, gett probéiert, mat kléngraimege Projeten op ëffentleche Flächen d'Gäert nees zréck an d'Stied ze bréngen. Ennert dem Motto "Suessem schmaacht" organiséiert d'Gemeng Suessem nach weider Evénementer ronderem d'Thema Ernährung an Ëmwelt. 

Programm
13h30 Empfang an Aschreiwung
14h00 Virwuert vun der Emweltschäffin Myriam Cecchetti
14h15 Schaffen ouni Pestiziden, an der Gemeng an doheem, Nils Leches, EBL
14h45 Sprëtzmëttel an der Liewensmëttelproduktioun, Jacques Engel, ASTA
15h15 Projet de la transition alimentaire, Bernard Lahure, GEIE EcoTransfaire
15h45 Pause
16h15 Suessem schmaacht – Masterplan zum nohaltege Gäertneren, David Hengen, Emweltamt Gemeng Suessem
17h45 Gemeinschaftsgaart Beetebuerg, Caroline Calmes, Emweltamt Gemeng Beetebuerg 
17h15 Interkultureller Garten Aalen, Christine Class
18h00 Internationaler Frauengarten Trier, Ruth Petri
18h30 Schlusswuert Dr. Martine Mergen, Presidentin CTF
 
Campagne "Ouni Pestiziden"
Neie Projet “Blummen ouni Pestiziden – Eis Gemeng fir eng regional Produktioun“ 
D'Blummesaison 2016 ass elo lues awer sécher eriwwer. Sech zeréckleeën a raschte kënnt awer nach net a Fro, schliisslech soll d'Saison vum Fréijoer 2017 mat Zäite preparéiert ginn. Wann Dir hei virun allem wäert ob Regionalitéit an Ëmweltschutz leet, dann ass dëse Projet vun der Campagne "Ouni Pestiziden" genau dat richtegt fir Iech!
Méi Informatiounen... 
Gemeng Suessem
Konferenz: Gesond Ernährung bewosst vermëttelen 
Wéini: Freideg, 21. Oktober 2016 / 18.00 – 21.30
Wou: ARTIKUSS (Rue Jean Anen ¦ L-4413 Soleuvre)

D'Gemeng Suessem invitéiert am Kader vun hieren Ëmweltwochen op eng Konferenz an Zesummenaarbecht mat der EBL zum Thema gesond Ernährung a wéi een dëst un d'Kanner an der Schoul weidervermëttele kann.
Umeldung a weider Informatiounen... 
Campagne "Ouni Pestiziden"
Gewënnspill #OuniPestiziden
Den Hierscht ass do an och déi lescht Blumme verbläien esou lues. Notzt dës lescht Deg a maacht nach mat bis den 31. Oktober bei eisem Gewënnspill #OuniPestiziden !
Méi Informatiounen…
Emweltberodung Lëtzebuerg
Material lounen bei der EBL
Mat de schéine Faarwe vum Hierscht kommen och déi kal Temperaturen an déi laang Nuechten. D'Saison vum Heizen an der méi intensiver Beliichtung ass deemno erëm lancéiert. Wann Dir Ären Energieverbrauch analyséiere wëllt, dann zeckt net dat néidegt Material bei eis unzefroen!
Méi Informatiounen…
D'Emweltberodung Lëtzebuerg informéiert
Deelt Är ongenotzte Computerkraaft fir wëssenschaftlech Zwecker 
BOINC ass eng Software-Plattform, déi et erméiglecht ongenotzte Rechekraaft vun Ärem Computer fir d'Wëssenschaft zur Verfügung ze stellen. Alles wat Dir maache musst, ass d'Software installéieren a bestëmmen wéi vill vun Ärer Rechekraaft Dir wëllt zur Verfügung stellen.
Méi Informatiounen…
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by Mailchimp