View this email in your browser


Sensibiliséieren am Kader vum  KlimaPakt
09. Februar 2017
Liewensqualitéit
am naturnoe Gaart!
Dir wëllt der Natur erëm méi eng grouss Platz an ärer Gemeng ginn an dëst och dem Bierger vermëttelen? Da notzt dës Infographik a wéist dem Bierger d'Virdeeler vun engem liewegen, faarwegen, naturnoe (Vir-) Gaart. 
Weider Informatiounen iwwert dës Thematik fannt Dir op folgender Internetsäit: www.ounipestiziden.lu 

Méi Informatiounen iwwert dëse Projet fannt Dir iwwert folgende Link...
Kampagne "Ouni Pestiziden"
Semaine sans pesticides vum 20. - 30. Mäerz
Wéi all Joer fënnt och dëst Joer déi international "semaine sans pesticides" vum 20. bis den 30 Mäerz statt. Gemengen, Organisatiounen an all aner interesséiert Akteure kënne sech während dëser Woch aktiv mam Thema beschäftegen. Zil ass et, de "grand public" iwwert d'Pestizidproblematik ze informéieren an alternativ Weeër ze promouvéieren.
Méi Informatiounen... 
D'EBL informéiert
Konferenz: Lëtzebuerg nach méi attraktiv fir de Foussgänger maachen!
Wéini: Méinden, 13. Februar 2017 / 18:00 - 21:30 
Wou: Oekozenter Pafendall: 6, rue Vauban Lëtzebuerg
Dës Konferenz gëtt organiséiert vum Mouvement Ecologique an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg.
Méi Informatiounen... 
D'EBL informéiert
Seminaire : Plaz fir Vëlosfuerer a Foussgänger - Kommunale Infrastrukturen für Radfahrer und Fußgänger
Wéini: Donneschdes, 28. Februar 2017 / 9.00 - 13.00 
Wou: Oekozenter Pafendall: 6, rue Vauban Lëtzebuerg
E Seminaire organiséiert vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an dem Klima-Bündnis
Zur Umeldung...
D'EBL informéiert
Konferenz: Ma commune en Transition? 
Wéini: Donneschdeg, 2. Mäerz 2017 / 19.00 - 21.00
Wou: Rotondes (Bonnevoie)
De CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) invitéiert op eng Konferenz iwwert Thematik vun der "Gemeng an Transitioun". Invité ass de Jean-Claude Mensch, Buergermeeschter vun der Gemeng Ungersheim (Elsass). 
Umelle kann een sech bis den 28. Februar iwwert: pacteclimat@cell.lu 
Méi Informatiounen... 

D'EBL informéiert
Filmvirféierung : Demain 
De CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) proposéiert Iech eng Filmvirféierung vum franséischen Dokumentarfilm "Demain" deen sech mat de Problemer vu Muer an de Léisunge vun Haut beschäftegt. Dat Ganzt krit e konkrete Charakter wa lokal Projeten aus der Regioun virgestallt ginn.
Méi Informatiounen... 
D'EBL informéiert
Poste vacant beim CIGL Esch
De CIGL Esch sicht een: 
"animateur en éducation à l’environnement
(m/f - 40H/sem) - CDD 1 an (prolongation possible)"
Méi Informatiounen... 
D'EBL informéiert
Wat fir eng Temperatur am Kannerzëmmer? 
An eiser Kommunikatioun vum Januar ass ze liesen, dass am Buedzëmmer ewéi am Kannerzëmmer eng Temperatur vu 24°C ideal ass. Dëst ass de Fall, soulaang sech Persoune mat liichter Bekleedung am Zëmmer befannen! Beim Kannerzëmmer ass et awer esou, dass Temperature vu 16 bis 18°C wann d'Kand schléift, a vun 20 bis 22°C wann d'Kand spillt ideal sinn. Well dëst am Dokument net kloer eraus kënnt, hu mir eis dozou entscheet d'Kannerzëmmer fir weider Publikatiounen aus dem Dokument eraus ze huelen.
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by Mailchimp