View this email in your browser
Workshop Kommunikatioun

Workshop den 07/10/2015 vun 08:30 bis 12:00

Héichhaus ¦ 4, Place de l'Europe ¦ L-1499 Luxembourg

Riedner : Jean-Paul Bertemes 
Acting Head of Unit - Science in Society (www.science.lu) 

Wéi erreescht een am beschten de Bierger?

D’Gemenge stinn am Verwaltungsapparat zu Lëtzebuerg am nootsten un de Bierger. All Décisioun an all Aarbecht muss deemno och de Leit mattgedeelt ginn. Di richteg Kommunikatiounsstrategie ass dofir immens wichteg, wann een transparent an informativ wëllt bleiwen an all Kritik wellt firgräifen. Grat am Ëmweltberäich ass d’Kommunikatioun vun enormer Bedeitung wann de Bierger soll sensibiliséiert ginn. Op Energie oder Offall, am Kader vum Klimapakt oder beim Naturschutz, op Mobilitéitsfroen oder beim Oofschaafe vum Pestizidasaz, ëmmer steet d’Fro am Raum:

Wéi kommunizéieren ech dëst am beschten un d’Bierger?
Wéi schreiwen ech Texter, sou dass de Message och ukennt?
Lounen sech Facebook, Twitter a Co.?
A sou weider a sou fort.

An dësem Workshop behandele mir Kommunikatiounsstrategien, Social Media, Video an aner Kanäl a léiere, wéi een d’Käerausso kuerz a knackeg a no journalistesche Critèren op de Punkt bréngt.


Perséinlechen a praxisnoe Bezug

Fir e perséinlechen a praxisnoe Bezug an dësem Workshop ze schaafen, hunn d’Participant’en d’Méiglechkeet am Viraus en eegenen Text op info@ebl.lu eranzeschécken, deen da während der Veranstaltung analyséiert gett. Natiirlech gär anonym, wann dat gewollt ass! Fir e Verglach kennen ze maachen, wier et flott, wann di Texter dat selwecht Thema hätten. Dofir proposéiere mir opgrond vun der Aktualitéit  folgend Thema: Verbuet vun Herbiziden ab dem 1. Januar 2016. Wann Dir onbedingt en aneren Text diskutéiere wëllt oder den Herbizidverbuet Iech net concernéiert, dann dierft Dir eis awer natiirlech och en aneren Text eraschécken.
Et muss een awer keen Text eraschécken, wann een dat net wëll!!!

Participatiounskäschten:

50 €/Persoun (Normaletarif)
  35 €/Persoun (ab 2 Participant‘e pro Gemeng/Institutioun)

20 €/Persoun (fir EBL-Memberen)

 

Umellen

Wat ass Klimaschutz?

EBL - TALK den 18/11/2015 vun 18:30 bis 20:00
Wou : gëtt nach ugekënnegt
Méi 
Informatioune fannt Dir hei...

Buedemschutz kommunal

SEMINAR den 01/12/2015 vun 08:30 bis 12:00
Wou : Héichhaus ¦ 4, Place de l'Europe ¦ L-1499 Luxembourg
Méi 
Informatioune fannt Dir hei...
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email