View this email in your browser



Campagne "...Ouni Pestiziden"
Dir wëllt Är Bierger doriwwer informéieren, dass Är Gemeng ouni Pestizide schafft, wësst awer nach net esou richteg wéi Dir Iech am beschten uleeë sollt? 
Fir Iech bei dëser Aufgab ze ënnerstëtzen huet d'Campagne "...Ouni Pestiziden" elo en Dokument zum Thema Kommunikatioun mam Bierger ausgeschafft. Hei fannt Dir net nëmmen nëtzlech Tipps an Tricks zum Thema Kommunikatioun. Konkret Good-Practice-Beispiller aus de Gemenge weisen Iech wéi et geet, inspiréieren a motivéieren!
Dokument eroflueden
Campagne "Ouni Pestiziden"
Neit Stroosseschëld "Ouni Pestiziden"
Informéiert elo Är Bierger doriwwer, dass Är Gemeng ouni Pestizide schafft! Notzt dofir elo gratis dëst Stroosseschëld vun der nationaler Campagne "Ouni Pestiziden" mat Plaz fir Äre Gemenge-Logo. 
Méi Informatiounen…
Campagne "...Ouni Pestiziden"
Gewënnspill #OuniPestiziden
Dir schafft #OuniPestiziden a wëllt dëst weisen? Da notzt elo eisen neie Sticker! Maacht eng Foto, setzt se mam Hashtag #OuniPestiziden op Äre Facebook a gewannt Blummen #OuniPestiziden!
Méi Informatiounen…
D'EBL informéiert
Nei Brochure zum Thema "ANIMAL AIDED DESIGN" (AAD)
Wéi kann een, duerch eng ugepasste Planung, den Deieren erëm eng Plaz an eisen Dierfer a Stied ginn? 
Den Thomas E. Hauck an de Wolfgang W. Weisser vun der technescher Universitéit München hunn dës Thematik behandelt an an dëser Brochure zesummegefaasst. 
D'EBL informéiert
Colloque zum Thema: Green Buildings 
Wéini: 26. - 27. Oktober 2016
Wou: Frankfurt
Bei dësem Colloque steet d'Thema "Green Buildings - Innovative Gebäude und Quartiere mit erneuerbaren Energien" am Mëttelpunkt. 
Méi Informatiounen...
D'EBL informéiert
Colloque zum Thema: Stroossebeliichtung
Wéini: 14. - 16. November 2016
Wou: Rostock-Warnemünde 
Dir wëllt méi gewuer ginn iwwert d'Enjeue vun enger effikasser an effizienter Stroossebeliichtung. Da loosst Iech dëse RDV net entgoen.
Méi Informatiounen...
Campagne "Ech Kafe Clever"
Infographik zum Thema Schoulmaterial
elo och ob Franséisch, Englesch a Portugiesesch!
Notzt elo gratis d'Infographik vun der Campagne “Ech Kafe Clever” an informéiert an Ärer Gemeng iwwert gesondheetlech onbedenklecht an ëmweltfrëndlecht Schoulmaterial!
Méi Informatiounen...
Emweltberodung Lëtzebuerg
D'EBL ass geplënnert
Säit dem 8. August 2016 sëtzen d'Mataarbechter vun der EBL am Hémicycle. 
(1, rue du Fort Thüngen ¦ L-1499 Luxemburg). Eis Kontaktdaten (Postadress, Telefon etc.) bléiwen awer bis op Weideres déi nämmlecht. 
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by Mailchimp