View this email in your browser



Save the Date
DEMO-DAY
Virféierung vu Maschinnen

24. Mee 2016 - Miersch
Emweltberodung Lëtzebuerg
Demo-Day „Ouni Pestiziden“ - 
Alternativ Methoden zum Pestizidasaz
Wéini: Dënschdes, 24.05.2016 vun 08h30 bis 12h30 
Wou: Centre Culturel „Hall Irbicht“¦
         Rue Irbicht ¦ L-7590 Beringen ¦ Luxemburg
Nom groussen Erfolleg vum Demo-Day 2014, organiséiert d'EBL zesumme mat de Partner vun der Kampagne "Ouni Pestiziden" och dëst Joer erëm een Dag, deen am Zeeche vum Austausch an der praxisnoer Informatioun steet. 

Während dësem Moie läit den haapt Fokus ob Demonstratioune vu verschiddene Maschinnen a Geräter, déi ee pestizidfräien Ënnerhalt vu Flächen erméiglechen. Verschidde national an international Entreprisë kommen hier Geräter virstellen. Awer och puer interessant Fakten a Beispiller aus Gemenge wäerte net feelen. 

Dës Veranstaltung ass virun allem fir Gemengenaarbechter interessant, déi säit dem 1. Januar 2016 net méi op Planzeschutzmëttel zeréckgräifen däerfe wann et ëm den Ënnerhalt vun ëffentleche Fläche geet. (Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert “produits phytopharmaceutiques”)

De genaue Planning an d'Participatiounstariffer ginn Ufank Mee publizéiert. Ab dann ass et och méiglech sech iwwert eise Site unzemellen.
Gemeng Hesper
Visite vum Solartank vun der Firma Jenni Energietechnik AG zu Burgdorf (CH)
Mëttwoch, 15. Juni bis Donneschdeg, 16. Juni 2016
Umelle bis den 22. Abrëll beim Här Leven vun der Gemeng Hesper.
Méi Informatiounen...
SEED (Som fir d'Erhalen an d’Entwécklung vun der Diversitéit)
Tagung iwwert Notzplanzevilfalt 
22. Abrëll 2016 / 9h00 - 16h00
Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck
Méi Informatiounen...
Platform Meng-Landwirtschaft
Manif fir eng nohalteg Landwirtschaft 
Samschden, 23. Abrëll 2016, ab 10:45 - Glacis 
Huelt deel a setzt Iech fir eng gesond a solidaresch Landwirtschaft a fir eng besser Zukunft vun de Baueren an der Ëmwelt an.
Méi Informatiounen...
Share
Tweet
Forward
Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l | 4, Place de l'Europe 1499 Luxembourg
Tel: (+352) 247 - 86831 ;  - 86832 oder - 86866 | Fax: (+352) 2478 6841 | info@ebl.lu
Facebook
Facebook
Website
Website
Email
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Emweltberodung Letzebuerg · 4 Place de l'Europe · Luxembourg 1499 · Luxembourg

Email Marketing Powered by MailChimp